Nohaltegkeet um Camp

Den TERRAVIVA gëtt op allen Niveauen een nohaltege Camp.

Am Ravi huele mer gréisstendeels just Produiten déi vu Lëtzebuerg kommen oder aus der direkter Ëmgéigend. Bei de Produiten déi musse vu méi wäit kommen, ewéi Kaffi oder Schockela leeë mer Wäert drop dass e fairen Handel garantéiert ass respektiv dass se een Nohaltegkeets Label hunn. Op all Form vun Einwegartikel gëtt komplett verzicht.

Bei den Infrastrukture gëtt quasi integral op fossil Energie verzicht an ons Sanitäranlage ginn un de Reseau vun der Gemeng Ettelbréck ugebonnen. Esou kënne mer och hei gréisstendeels op chemesch Anlage verzichten. Natierlech hu mer nees onsen eegene Recycling Center um Camp wou op der Plaz den Offall getrennt gëtt.

Awer och soss ass et ons wichteg den Impakt vum Camp op d’Natur esou kleng ewéi méiglech ze halen. De Gebrauch vu Plastik wëlle mer op een absolutte Minimum reduzéieren. Dofir hu mer och besonnesch beim Choix vun de Gadgete Wäert drop geluecht just essentiel Artikelen ze bestellen. Dës sinn och recyclabel, respektiv kommen aus fairem Handel.