TERRAVIVA 2023 - Newsletter 3
Umeldungen updaten

All Trupperesponsabel, all Staffmember muss seng Umeldung updaten. Et sinn eng Partie weider Informatiounen déi mer brauchen ewéi Allergien, genau Presenzen, ...

Géi heifir op terraviva.lgs.lu a logg dech an. Duerno kanns de bei Umeldungen meng Trupp, meng Umeldung oder meng Famill uklicken. Fëll elo all Felder aus déi nei derbäi komm sinn.

Ufank Juni krit dir een 2. Acompte ze bezuelen dëse wäert sech op maximal 150€ pro Avex/Chef/Staff belafen. Dir krit ewéi fir den 1. Acompte eng separat Facture geschéckt.

Ufank Juli krit der dann déi final Ofrechnung geschéckt.

Rappell - Challenge

Denkt drun bei eiser Challenge matzemaachen! Weider Informatiounen zur Challenge fannt dir hei: Newsletter Challenge

Versammlung fir d’Chef den 10. Juni

Fir den Truppen an de Chef am Virfeld vum Camp esou vill ewéi méiglech Informatiounen ze ginn organiséiere mir de Samschden 10. Juni um 18:00 Auer eng Chefversammlung an der Géisserei.

Hei kritt dir detailléiert Info iwwer de Programm, de Ravi, d’Infirmerie, d’Reegele vum Camp, d’Sécherheetsreegelen, an an an. Dir trefft iech awer och mat de Responsabele vun ärem Sous-Camp an hutt natierlech d’Geleeënheet all är Froen ze stellen.

Well dëse Moment och fir den Topstaff wichteg ass, erwaarde mer dass vun all Trupp op mannst ee Chef den 10. Juni derbäi ass. Gäre kënnt der awer zu méi kommen.

Sous-Camp Opdeelung

Hei fannt der d’Truppenandeelungen no de Sous-Campen.

Feier (SC 1)

Déifferdeng Sainte Barbe

Käerjeng Saint Willibrord

Péiteng Hl. Franz vun Assisi

Nidderaanwen Schetzel

Jonglënster Saint Martin

Duelem Saint Martin

Dikrich Saint Laurent / Tony Noesen

Luerenzweiler Saint Laurent

Käl Sainte Marie

Waasser (SC 2)

Walfer Mahatma Gandhi

Beggen Saint Christophe

Ettelbréck/G.Ermesinde

Rued-Sir Saint Jacques

Sandweiler Hl. Mäerten

Äischen Saint Pierre

Housen-Houschent Mère Thérèse

Stengefort St. Hubert / Ste. Bernadette

Esch-Grenz Hl. Baarbel

Suessem Sainte Catherine

Schëffleng Abbé Poncin

Loft (SC 3)

Diddeleng Saint Jean

Bieles-Zolwer Grand -Duc Jean

Groussbus Saint Maximilian Kolbe

Monnerech Jules Bleser

Lëtzebuerg-Belair Jang de Blannen

Gamma

Rodange-Lamadelaine Sainte Amalberge

Réiserbann Saint Donat

Beetebuerg Abbé Pierre

Zéisseng Notre-Dame de la Route

Äerd (SC 4)

Cents Hl. Franz vun Assisi

Leideleng Lady B.-P.

Bartreng Saint Exupéry

Bouneweg St. Louis / Ste. Irmine

Gaasperech Georges Everling

Iechternach Saint Willibrord

Gréiwemaacher Saint Laurent

Esch-Uelzecht St. Joseph

Klierf Saint Benoît

Wuermer Saint Jean Baptiste

Beefort Frère Roger

Biekerech Mahatma Gandhi

Ettelbréck/S. Saint Sébastien

Hike

D’Avex wäerten um Camp een Hike maachen. Dofir brauche si eng Basis an der Orientatioun. Mir wäre frou wann der d’Orientatioun nach eemol mat ären Avex virum Camp géift widderhuelen, fir dass si da fit sinn um Camp fir den Hike.

Verkleedung

Dir wësst elo a wéi engem Sous-Camp (Loft, Äerd, Waasser, Feier), dass dir mat ärer Trupp sidd. Fir de Camp brauch jiddereen eng Verkleedung passend zum Element vu sengem Sous-Camp. Loosst ärer Kreativitéit fräie Laf, mir freeën eis op är originell Verkleedungen.

Sous-Camp Feier

De Sous-Camp Feier brauch rouden, gielen an orange Stoff. Wann der esou Reschter hutt, da bréngt dee w.e.g. den 10. Juni mat an d’Chefversammlung.

Staff deen nach gebraucht gëtt

Onse Staff ass iwwerall besat. Trotzdeem kënne mer fir de Camp nach all Hëllef gebrauchen. Wann also nach een interesséiert ass fir am Staff ze hëllefe kann e sech gären nach iwwer sekretariat@terraviva.lu mellen. Mir kucken da wou déi Deeg konkret Hëllef am meeschte gebraucht gëtt.

Material fir mat op de Camp

Hei ass eng (onkomplett) Lëscht vum klenge Material wat dir sollt op de Camp mat bréngen.

Fir ze kachen

Dëppen

Sparschäler

Spullbiitercher

1 Rull Frischhalte-Folie

Paanen

Zoppelusch

Spullbiischten

1 Rull Poubellestuten

Messeren

Schnéibiesen

Spullschwämm 

1 Rull Kichepabeier

Bräileffel

Pfannenwender

Biodegradabele Spüli

1 Rull Alu-Folie

Briquet/Fixfeier

Frischhalteboxen*

Kichendicher

1 Pak Piwwel

Briedecher

Zaang

Lompen

Schwaarz Seef

 

Eng Gewürz-Këscht kann all Trupp no hirem Geschmaach opstellen. Standard kennen sou Saachen dra sinn ewéi Salz, grafft Salz, Peffer, Paprika, Curry, Herbes de Provence, Oregano, Thymian, Rosmarin, Muskotnoss, ...

 * Detailer heizou kommen an der nächster Newsletter.

 Fir d’Sécherheet

All Trupp muss eng Läschdecken an en Eemer matbrénge fir bei d’Feierplaz vun der Kichen. Da brauch all Avex a Chef eng Sécherheetswest fir den Hike, Nuetsspill, ... Déi musse gedroe gi wa mir iwwert d’Stroosse musse goen.

Fir de Knascht

Op all Truppeplaz gëtt den Dreck gesënnert (Pabeier/Kartong, Valorlux, Bio, Restmüll). Gesitt also eppes heifir fir.

Fir d’Infirmerie

Mir hunn um Camp eng Infirmerie déi sech ëm all gréisser oder manner grouss Boboen a Verletzunge ka këmmeren. Allerdéngs soll all Trupp och eng eegen 1. Hëllefskëscht matbrénge fir déi ganz kleng Verletzungen.

Präis Crèche

De Präis fir d’Crèche an de Mini-Camp ass jee no Alter gestaffelt. Am Präis mat abegraff ass de Programm deen se maachen an d’Iessen 3 mol den Dag.

Kanner bis 6 Joer inclus bezuelen 10€ pro Dag. Kanner vu 7 Joer un bezuelen 20€ pro Dag.

Sozial Medien

terraviva.lu    info@terraviva.lu

Bescht Guiden- a Scoutsgréiss

Fir den Topstaff

 

Romain

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken