TERRAVIVA 2023 - Newsletter 3
Umeldungen updaten

All Trupperesponsabel, all Staffmember muss seng Umeldung updaten. Et sinn eng Partie weider Informatiounen déi mer brauchen ewéi Allergien, genau Presenzen, ...

Géi heifir op terraviva.lgs.lu a logg dech an. Duerno kanns de bei Umeldungen meng Trupp, meng Umeldung oder meng Famill uklicken. Fëll elo all Felder aus déi nei derbäi komm sinn.

Ufank Juni krit dir een 2. Acompte ze bezuelen dëse wäert sech op maximal 150€ pro Avex/Chef/Staff belafen. Dir krit ewéi fir den 1. Acompte eng separat Facture geschéckt.

Ufank Juli krit der dann déi final Ofrechnung geschéckt.

Sous-Camp Opdeelung

Hei fannt der d’Truppenandeelungen no de Sous-Campen.

Feier (SC 1)

Déifferdeng Sainte Barbe

Käerjeng Saint Willibrord

Péiteng Hl. Franz vun Assisi

Nidderaanwen Schetzel

Jonglënster Saint Martin

Duelem Saint Martin

Dikrich Saint Laurent / Tony Noesen

Luerenzweiler Saint Laurent

Käl Sainte Marie

Waasser (SC 2)

Walfer Mahatma Gandhi

Beggen Saint Christophe

Ettelbréck/G.Ermesinde

Rued-Sir Saint Jacques

Sandweiler Hl. Mäerten

Äischen Saint Pierre

Housen-Houschent Mère Thérèse

Stengefort St. Hubert / Ste. Bernadette

Esch-Grenz Hl. Baarbel

Suessem Sainte Catherine

Schëffleng Abbé Poncin

Loft (SC 3)

Diddeleng Saint Jean

Bieles-Zolwer Grand -Duc Jean

Groussbus Saint Maximilian Kolbe

Monnerech Jules Bleser

Lëtzebuerg-Belair Jang de Blannen

Gamma

Rodange-Lamadelaine Sainte Amalberge

Réiserbann Saint Donat

Beetebuerg Abbé Pierre

Zéisseng Notre-Dame de la Route

Äerd (SC 4)

Cents Hl. Franz vun Assisi

Leideleng Lady B.-P.

Bartreng Saint Exupéry

Bouneweg St. Louis / Ste. Irmine

Gaasperech Georges Everling

Iechternach Saint Willibrord

Gréiwemaacher Saint Laurent

Esch-Uelzecht St. Joseph

Klierf Saint Benoît

Wuermer Saint Jean Baptiste

Beefort Frère Roger

Biekerech Mahatma Gandhi

Ettelbréck/S. Saint Sébastien

Staff deen nach gebraucht gëtt

Onse Staff ass iwwerall besat. Trotzdeem kënne mer fir de Camp nach all Hëllef gebrauchen. Wann also nach een interesséiert ass fir am Staff ze hëllefe kann e sech gären nach iwwer sekretariat@terraviva.lu mellen. Mir kucken da wou déi Deeg konkret Hëllef am meeschte gebraucht gëtt.

Konditioune fir Zelter, Camper, ...

Fir de Staff Sous-Camp ass eng separat Plaz virgesinn. All Member vum Staff ka sech hei installéiere mat sengem Zelt, Camper, ...

Awer opgepasst ! Fir op d’Staffplaz ze komme muss een iwwer d’Campplaz fueren. Dofir ass den Accès mat engem Gefier (Auto, Camper, ...) op oder erof vun der Staffplaz wärend dem Camp strickt verbueden.

Ween also mat engem Auto oder Camper op d’Staffplaz wëll muss dat virum 17. Juli maachen a kann eréischt nom 27. Juli nees erof. Och ass op der Staffplaz kee Stroum oder Waasser disponibel.

Präis Crèche

De Präis fir d’Crèche an de Mini-Camp ass jee no Alter gestaffelt. Am Präis mat abegraff ass de Programm deen se maachen an d’Iessen 3 mol den Dag.

Kanner bis 6 Joer inclus bezuelen 10€ pro Dag. Kanner vu 7 Joer un bezuelen 20€ pro Dag.

Sozial Medien

terraviva.lu    info@terraviva.lu

Bescht Guiden- a Scoutsgréiss

Fir den Topstaff

 

Romain

 

Lalux Assurances Voyages Vandivinit

WOSM WAGGGS
Lëtzebuerger Guiden a Scouten
5, rue Munchen-Tesch | L-2173 Luxembourg
Newsletter ofbestellen   |   Online kucken