"Fort Terraviva" ass den Numm vun engem groussen Escape Spill. Den Numm "Fort" steet fir de Raum, wou wärend engem ganzen Dag ongeféier 120 AvEx flott a spannend Abenteuer; Aufgaben a Rätsel musse meeschtere resp. léisen. Beim "Fort" inspiréiere mir eis um "Fort Boyard", enger Sendung op der franséischer Télé.
Jo, dir hutt richteg verstanen, mir probéieren eng Festung als Escape Room ze bauen.
Fir dëse Fort, dee mir fir de Camp aus Holz, Paletten, Juchten, ... bauen, hunn mir vum 13. – 17. Juli 2023 Zäit, mat genuch Hëllef an engem Plang, absolut realiséierbar.
Ofgerappt gëtt eise Fort vum 27. – 30.7.2023.
Fir des "verréckten Iddien" brauche mir natierlech vill a gutt Leit; also DECH! Wou genau brauche mir Hëllef? a wien?
Mir brauche Leit, déi punktuell beim Opriichten/Ofriichten an/oder wärend dem Camp dobäi sinn. Jiddereen ass also wëllkomm; punktuell; wärend eenzel Deeg oder de ganze Camp ...
Fir dëse Projet unzegoen, ass et wichteg mat Zäit ze wëssen, wéi vill Mataarbechter mir hunn.
Falls du elo interesséiert bass, da mell dech w.e.g sou schnell wéi méiglech beim Tom Lahr via tom.lahr@lgs.lu un. |