Mir sichen een Numm

— DE VOTE ASS FÄERDEG, MERCI FIR D’MATMAACHEN! —

Virun 2 Méint hu mer eis ob d’Sich no engem Numm vun eisem AvEx-Summercamp 2021 gemaach an et koumen eng ronn 30 Iddien eran. Iech All e grousse Merci fir är Kreativitéit an är Participatioun! Weiderhin gëllt dass de Gewënner vum Concours herno eppes Klenges gewënnt.

Elo si mer eng Etapp weider a mir brauchen nach eng Kéier deng Hëllef: Eng 3 Nimm stinn nach zur Auswiel an et gëllt elo den Numm vum Camp festzeleeën!

Wéien Numm gefält Dir am beschten? Wéien Numm gesäis du gären um Fändel d’nächst Joer? Denk drun, dass de ganze Camp sech ëm déi 4 Elementer dréint: D’Waasser, d’Féier, d’Loft an d’Äert!

An hei sinn elo déi 3 Nimm déi zur Auswiel stinn mat hiren Erklärungen! Du hues bis den 24. Mee Zäit vir ofzestëmmen.

Lass geet et mam Numm TEWIKO deen wuertwiertlech Zesummegewierfelt gouf aus den geometreschen Formen vun deenen 4 Elementer: Tetraeder fir d’Féier, e Würfel fir d’Äert, Ikosaeder fir d’Waasser an den Oktaeder fir d’Loft.

Den zweeten Numm TERRAVIVA dréint sech ganz ëm d’Land/d’Äert déi Lieft (“the land that lives”) an se kann nëmmen duerch déi 4 Elementer Liewen. Gläichzäiteg kenne mer och vu Liewensfreed ob der Äert schwätzen a mir musse drun denken gutt op si opzepassen.

Den drëtten Numm ass QUINTESSENZA oder och Quintessenz an hei gëtt et ganz philosophesch: Et gëtt nämlech och nach oft vun engem 5. Element geschwat, dem Äther oder och Quintessenz, dem Raum wat alles ëmfaasst. Mir kënnen dëst awer och ob eis projezéieren : Wärend dem Camp si Mir, Guiden a Scouten, dëst 5. Element, déi zesummen Spaass a Freet um Camp hunn, an zesummen entdecken mer déi aner 4 Elementer.

Dir gesitt, mir kruten eng ganz Rëtsch ganz kreativ Proposen eran.

— DE VOTE ASS FÄERDEG, MERCI FIR D’MATMAACHEN! —