Den TERRAVIVA 2023 ass den nationalen Camp vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir eis Jonker am Avex-Alter (11 bis 14 Joer). Tëschent dem 17. an 27. Juli 2023 riichte mir eis Zelter bei den Däichwisen zu Ettelbréck fir 500 Avex an 300 Chef op. De Camp wäert ganz ënnert dem Thema vun den 4 Elementer, Feier, Äert, Waasser a Loft, stoen an sech un engem ganzheetleche Konzept vun engem nohaltege Liewen bei de Guiden a Scouten orientéieren.